VisualEditor/Newsletter/2018/Februar
Outdated translations are marked like this.
An enger anerer Sprooch liesen • Verdeelerlëscht vun dëser méisproocheger Newsletter
Wousst Dir?
Zanter der leschter Newsletter huet d'Equipe vun den Ännerungen déi meescht Zäit dofir benotzt fir de Wikitext Editeur Modus 2017 z'ënnerstëtzen. Deen ass am Visual Editeur als Beta-Funktioun disponibel a verbessert de visual diff tool. Hiren Aarbechtsplang ass am Phabricator disponibel. Dir fannt d'Linke vun der Aarbecht déi ofgeschloss ass all Woch bei mw:VisualEditor/Weekly triage meetings. Hir aktuell Prioritéite sinn d'Flécke vu Feeler, de Wikitext Editeur 2017 ënnerstëtzen an d'Verbessere vum visual diff tool.
Rezent Ännerungen
- De Wikitext Editeur 2017 ass als Beta-Funktioun disponibel op Desktop-Apparaten. En huet déi selwecht Toolbar wéi de visual editor a kann den citoid-Service benotzen, genee esou wéi aner modernt Geschir. D'Equipe huet d'Performance vun de verschiddenen Ännerungssystemer verglach. Si hu gekuckt wéi laang et dauert fir d'Säit opzemaachen an unzefänke mat Tippen. Dofir goufen d'Date vu méi wéi enger Millioun Ännerungen aus dem Dezember a Januar benotzt. Verschidden Ännerunge goufe gemaach fir d'Vitesse vum Wikitext Editor 2107 a vum visuellen Editor ze verbesseren. Rezent war de Wikitext Editor 2017 beim Opmaache méi séier fir déi meescht Ännerungen an den WikiEditor 2010 war fir verschidden Ännerungen am séiersten. Méi Informatioune ginn am mw:Contributors/Projects/Editing performance gewisen.
- De visual diff tool gouf fir de Visuellen Editeur entwéckelt. En ass elo fir all Benotzer vum visuellen Editeur a vum Wikitext Editeur 2017 disponibel. Wann Dir Är Ännerunge nokuckt da kënnt Dir tëscht Wikitext a visuellen Ënnerscheeder ëmschalten. Dir kënnt och déi nei Beta-Funktioun aschalte fir "Visual diffs". D'Beta-Funktioun léisst Iech de visual diff tool benotze fir d'Ännerunge vun anere Leit tëscht de verschiddene Versiounen an an de Special:RecentChanges ze gesinn. [1]
- D'Wikitext Syntax Ervirhiewen ass als Beta-Funktioun esouwuel fir de Wikitext Editeur 2017 séi fir de Wikitext Editeur 2010 disponibel. [2]
- Den citoid Service iwwersetzt automatesch URL, DOI, iSBN a PubMed Identifikatiounsnummeren a wikitext Zitatiouns-Schablounen. Et ass ganz beléift bei Auteuren och wann et et bësse komplizéiert ka si fir et anzestellen. Är Wiki kann dëse Service kréien. Liest w.e.g. d'Instruktiounen. Dir kënnt d'Equipe froe fir citoid op Ärer Wiki z'installéieren
Kommt mir schaffen zesummen
- D'Equipe wäert op engem nächste 'Wikimedia Foundation metrics and activities' Treffen iwwer d'Geschir fir z'änneren diskutéieren.
- Wikibooks, Wikiversity an aner Communautéite kënnen de visual Editor als Standard fir Auteuren agestallt kréien. Wann Är Communautéit dat wëllt, da kontaktéiert w.e.g. den Dan Garry.
- De Block
<references />
kann op breeden Ecranen automatesch laang Lëschte vu Referenzen a Kolonne weisen. Dat mécht Foussnoute méi einfach ze liesen. Dir kënnt multi-Kolonnen Ënnerstëtzung ufroe fir Är Wiki.[3] - Wann Dir dëst net an Ärer Sprooch liese kënnt, dann hëlleft eis beim Iwwersetzen! Schreift Iech an op d'Mailinglëscht vun den Iwwersetzer oder kontaktéiert eis direkt. Mir kontaktéieren Iech da wann déi nächst Newsletter fäerdeg ass fir z'iwwersetzen. Thank you!